
Besonnesch de Schoulsport huet dobäi eng wichteg Aufgab. Hei zu Lëtzebuerg ass do, am jéngsten Alter, also an der Spillschoul, respektiv am Fondamental, nach vill Loft no uewen, esou de Professer Pühse, deen d'Situatioun hei am Land gutt kennt.
Hei zu Lëtzebuerg sinn d'Infrastrukture fir de Schoulsport ganz gutt an d'Sportsproffen am Secondaire sinn och ganz gutt forméiert, ma et sinn awer och Problemer do, déi et ze léise gëllt weess de Uwe Pühse, ee vun de renomméiertste Professere fir Sport a Beweegung op der Welt, dee virun kuerzem op der Uni.lu op Besuch war.
Ech hat d'Gefill datt d'Fach net genuch Bedeitung hei am Land kritt. Et soll een d'Chancen, déi hei zu Lëtzebuerg nach bestinn, notzen.
Besonnesch an der Ufankszäit vu Corona gouf de Stellewäert vum Sport, a virun allem vum Schoulsport, hei am Land, däitlech.
Et huet ee séier hei decidéiert, kee Schoulsport ze maachen. An anere Länner ass awer Schoulsport ënner verschidde Reegelen, fir de Risiko fir sech unzestieche quasi bei Null ze hunn, gehale ginn. Eng intelligent Gesellschaft mécht Preventioun. Vill Krankheete sinn un d'Feele vun der Beweegung associéiert.
Fir de Professer Uwe Pühse, ee vu just zwee Léierstill op der Welt bei der Unesco, ënnersträicht d'Wichtegkeet vum Schoulsport:
Et fänkt an der Spillschoul an am Fondamental un. Et muss een de Kanner vermëttelen, datt d'Beweegung a Sport zu engem gesonde Liewensstil dozougehéieren.
Op d'mannst fir d'Rentrée ass jo virgesinn, datt nees Schoulsport ass. Zanter Ufank Mäerz sinn et dann awer iwwer 6 Méint, wou eng ganz Rei Kanner net méi genuch sportlech aktiv waren.