
Um Sonndeg gouf d'Finall vun den Hären bei de French Open zu Roland Garros gespillt. An do ass den Éisterräicher Dominic Thiem (ATP-4) op de Spuenier Rafael Nadal (ATP-2) getraff dee quasi Dauergaascht an der Finall vun de French Open ass a bis heihinn dës schonn 11 mol gewonnen huet wat natierlech en absolute Rekord ass.
Béid Spiller koumen gutt an de Match an den Thiem konnt als éischt e Break fir den 3:2 am éischte Saz realiséieren. Dono huet de Nadal awer opgedréint, dem Thiem keng Chance méi gelooss an den éischte Saz mat 6:3 gewonnen.
Den zweete Saz war immens ausgeglach a ganz zum Schluss ass et dem Thiem mat engem Break gelongen dësen mat 5:7 fir sech ze entscheeden.
Den drëtten war dunn eng ganz eesäiteg Ugeleeënheet, de Spuenier huet sengem Géigespiller keng Chance gelooss an um Enn stoung et 6:1.
Och am leschte Saz huet de Nadal de Match dominéiert a gewënnt och dësen mat 6:1.
Dëst ass soumat schonn den 12. Titel fir de Rafael Nadal bei de French Open zu Roland Garros.