Finall vun der Coupe de la LiguePSG wënnt 6:5 géint Lyon am Eelefmeterschéissen

RTL Lëtzebuerg
No 90 Minutte goung et an d'Verlängerung, kee Gol ass wärend der regulärer Spillzäit gefall. Ma och no der Verlängerung stoung et 0:0...
© Twitter PSG

An den 90. Minutte vun der regulärer Spillzäit ass et weder Paräis nach Lyon gelongen, e Gol ze markéieren, sou dass et no eppes méi wéi 90 Minutten op en Enn gaangen ass an et zu enger Verlängerung komm ass.

Ma och hei koum et zu kengem Gol, sou dass de Gewënner vun der Coupe de la Ligue misst am Eelefmeterschéissen ermëttelt ginn. Hei ass et dann nom 5:5, wou den Traore fir Lyon verschéiss.

De Sarabia behält awer d'Nerven, sou dass dee 6. Gol fir de PSG am Eelefmeterschéissen och den Titel an der Coupe de la Ligue bedeit.

Back to Top
CIM LOGO