
An der däitscher Futtball Bundesliga soll an der zweeter Hallschent vun dësem Mount de Ball nees rullen. Déi politesch Responsabel si sech um Mëttwoch eens ginn. Et gëtt wéi erwaart virun eidelen Tribünen, also "à huis clos", gespillt. Wéini et genee lass geet, soll d'DFL selwer decidéieren.
Mam Laurent Jans zu Paderborn an dem Leandro Barreiro zu Mainz waarde jo och zwee Lëtzebuerger op d'Reprise an der éischter Bundesliga.
Et bléiwen nach 9 Spilldeeg an aktuell ass Bayern München 4 Punkte virun Dortmund a 5 viru Leipzig.
