Schi AlpinPinturault wënnt Riseslalom an iwwerhëlt Féierung am Gesamtweltcup

RTL Lëtzebuerg
De Fransous Alexis Pinturault konnt e Méindeg zu Hinterstoder seng zweet Victoire hannerteneen am Weltcup feieren.
© AFP

De Fransous louch schonns nom 1. Duerchgang däitlech vir. Nom 1. Laf hat hien 90 Honnertstel Avance op de Kroat Filip Zubcic, de Slowen Zan Kranjec hat schonn ee Réckstand vun 1,12 Sekonnen.

Am zweeten Duerchgang huet hien et méi lues ugoe gelooss a wënnt domat um Enn mat 45 Honnertstel Avance op de Filip Zubcic an 72 Honnertstel op den Norweger Henrik Kristoffersen.

Duerch dës Victoire iwwerhëlt de Pinturault dann och d'Féierung am Gesamtweltcup.

Back to Top
CIM LOGO