Trainéiere kann een iwwerallParalympeschen Triathlet schwëmmt a Këscht virun der Dier

RTL Lëtzebuerg
De blannen, ireschen Triathlet Leo Hynes wëll och wärend der Pandemie säin Training net ophalen. Virun der Hausdier schwëmmt hien an enger Këscht.

Dës ass mat Waasser gefëllt an huet ee Bungee-Seel bannendran. De Schwëmmer stréckt sech un de Lastik un an da kann hien op der Plaz schwammen. D'Resistenz vum Lastik zitt hien no hannen, an esou geet ee klenge Baseng duer, fir eleng ze trainéieren. Hien dreemt dovunner, sech fir déi ewell verluechte Paralympesch Spiller zu Tokio 2020 ze qualifizéieren.

© AFP/Paul Faith

Well hie blann ass, brauch hien normalerweis ee Guide, fir mat him Sport ze maachen. Wéinst dem "Social distancing" an der Sécherheetsdistanz vun 2 Meter ass dëst awer elo net méiglech. Hie gëtt mat engem Bändchen u säi Guide gebonnen, deen ass awer just 1 Meter laang.

Seng zwee Bridder hunn dunn hëlze Laten uneneegeschrauft an d'Këscht mat Plastik verkleet, fir dem Triathlet eng improviséiert Schwämm an de Virgäertchen ze setzen.

© AFP/Paul Faith

Back to Top
CIM LOGO