E Samschdeg huet d'Eléonora Molinaro an der 1. Ronn vum Dammen-Tennistournoi op der Kockelscheier opgeschloen. Déi jonk Lëtzebuergerin ass am 1. Tour op d'Stefanie Vögle aus der Schwäiz getraff.
Den 1. Saz goung mat 1:6 fir déi Schwäizer Spillerin op en Enn. Och am 2. Saz war si mat engem 6:3-Succès ze staark fir déi 19 jonk Spillerin vun der Schéiss.
Mandy Minella trëfft op Tschechin
E Samschdeg den Owend gouf iwwerdeems och den Haapttableau vum Tournoi gezunn. Hei trëfft d'Mandy Minella op d'Denisa Allertova (WR251). De Match ass am Prinzip e Méindeg um 18.00 Auer.