Schwamm-EMNeien Datum gëtt eréischt am November bekannt
Franky Hippert
D'Schwamm-Europameeschterschaft am August zu Budapest an Ungarn gouf wéinst dem Coronavirus op d'nächst Joer verréckelt.
Update: 01.05.2020 11:34
D'EM sollt schonn am Mee sinn. Wéini d'Schwëmmer dann d'nächst Joer an der ungarescher Haaptstad an de Baseng sprange kënnen, decidéiert déi europäesch Schwammfederatioun am November op hirem Kongress.