Shorttrack-EMNach Loft no uewe beim Peter Murphy

RTL Lëtzebuerg
De Peter Murphy ass ee vun de Kandidaten fir d'Olympesch Wanterspiller dat nächste Joer zu Peking.

Dëse Weekend war de Shorttracker op der Europameeschterschaft zu Gdansk a Polen am Asaz. Hei huet awer nach net alles gepasst.

Peter Murphy/Reportage Rich Simon

An dat esouwuel op de 500, den 1.000 an och de 1.500 Meter. Dat waren eng Kéier déi 39. an zweemol déi 37. Plaz. Um Enn gouf hien am General den 41. ënner 45 Starter. Dat ass een änlecht Resultat wéi op der Europameeschterschaft dat leschte Joer. Den 20 Joer ale Lëtzebuerger war mam Endresultat net onbedéngt zefridden. Trotzdeem war awer net alles negativ.
"D'Resultater waren net déi Bescht. Et war awer meng éischt Kompetitioun zanter engem Joer. Et gouf awer vill Positives. Haaptsächlech meng mental Verfassung, awer och technesch an taktesch hunn ech et besser fonnt. Haaptsächlech muss ech awer nach un der Konditioun schaffen."

A ronn 6 Woche steet den nächsten Highlight fir de Peter Murphy um Programm. Dat ass d'Weltmeeschterschaft zu Dordrecht an Holland. Bis dohinner ass Training ugesot. Deen ass wéinst Corona awer net bei eis zu Lëtzebuerg programméiert.

 

"Virun der WM wäert ech mat der polnescher Nationalekipp zesummen trainéieren awer och mat aneren Nationalekippen. Ech gesinn, dass et an déi richteg Richtung geet an et mussen nëmme kleng Ännerunge gemaach ginn."

D'Europameeschterschaft huet net zu der Olympiaqualifikatioun gehéiert. Déi geet réischt relativ kuerz virun de Spiller dat nächste Joer un. Dofir mécht de Peter Murphy sech och kee speziellen Drock.

 

"D'Qualifikatioun fir Olympia ass Enn 2021. Fir de Moment wëll ech net ze vill driwwer nodenken. Ech konzentréiere mech elo op den Training an d'Kompetitiounen, déi elo kommen."

Erfarung mat Olympia huet de Peter Murphy awer schonns. Bei de Jugendspiller 2017 zu Erzurum an der Tierkei hat hie sensationell d'Goldmedail iwwer 1.500 Meter gewonnen. D'Olympesch Wanterspiller zu Peking fänken de 4. Februar dat nächste Joer un.

Back to Top
CIM LOGO