
E Samschdeg stoung bei den Hären d'Poursuite iwwer 12,5 Kilometer zu Kontiolahti a Finnland um Programm. De Martin Fourcade aus Frankräich setzt sech mat engem Virsprong vun 2.90 Sekonnen op den Quentin Fillon Mallet duerch. Drëtte gëtt den Emilien Jacquelin mat engem Retard vu 4.50 Sekonnen.
Op déi 4.Plaz ass de Johannes Thingnes Bö aus Norwegen komm, deen domat gläichzäiteg d'Victoire am Gesamtweltcup feiert.
Bei den Dammen huet sech e Samschdeg am Nomëtteg op der Poursuite iwwer 10 Kilometer d'Julia Simon aus Frankräich duerchgesat. Op déi zweete Plaz ass d'Schwäizerin Selina Gasparin mat engem Retard vu 17.30 Sekonnen komm. Drëtten ass d'Lisa Vittozzi aus Italien ginn.