Am Eenzel-Zäitfuere vu Gevrey-Chambertin op Dijon goung en Dënschdeg kee Wee laanscht d'Marlen Reusser. D'Zäitfuer-Spezialistin a Weltmeeschterin konnt sech um Parkour duerch d'Regioun vum Côte d'Or mat enger duerchschnëttlecher Vitess vu 45,86 km/h an engem Virsprong vu 4 Sekonnen op d'Lieke Nooijen duerchsetzen. Op déi 3. Plaz koum d'Demi Vollering aus der Ekipp FDJ United-Suez.
Um 15:48 Auer ass déi Lëtzebuerger Zäitfuer-Championne Nina Berton vun der Startramp gefuer. Op deenen 21 Kilometer, wou och d'Schwieregkeet Lacets de Marsannay ze fuere war, koum d'Coureuse aus der Ekipp EF-Education Oatly op déi 32. Plaz. Si hat op der Arrivée eng Zäit vun 29 Minutten an 41 Sekonnen an domadder ee Retard vun 2 Minutten an 11 Sekonnen op d'Weltmeeschterin. Beim Fueren hat si hir Konkurrentin Letizia Paternoster iwwerholl, déi sech domat net zefridde gewisen hat. D'Italieenerin huet doropshin eng Géigenattack lancéiert. Um Enn war d'Lëtzebuerger Zäitfuer-Spezialistin trotzdeem virun hir op der Arrivée ukomm.
Am Generalklassement gouf et dann eng Ännerung. D'Sigrid Haugset huet hire Giele Maillot missen un d'Marlen Reusser ofginn. Op der 2. Plaz ass hei d'Demi Vollering mat engem Retard vu 14 Sekonnen an op Plaz 3 mat engem Retard vu 54 Sekonnen ass d'Cédrine Kerbaol. D'Nina Berton ass hei op der 78. Plaz mat engem Retard vun 22 Minutten a 26 Sekonnen.