
Um Samschdeg konnt de Marcel Ewen mat sengem Päerd Chimaira eng gutt Leeschtung presentéieren. Beim 1.60 m Weltranglëschte-Sprange, engem CSI5*, koume si um Enn op déi 7. Plaz.
D'Sprange gouf vun der aktueller Nummer 6 op der Welt, dem Daniel Deuser, gewonnen.