Fréiere Futtball-StarMaradona dierf 8 Deeg no senger Gehier-OP d'Spidol verloossen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch krut déi argentinesch Futtball-Legend Diego Maradona d'Erlabnis, Heem ze goen.
© © Diego Maradona press office/AFP/-

Kuerz éier säin Dokter Leopoldo Luque dat annoncéiert hat, hat hien op Instagram eng Foto vu sech an dem berüümte Sportler verëffentlecht. Drop ze gesinn ass de Maradona mat enger Plooschter um Kapp.

Wéi et heescht, soll sech de fréiere Futtballspiller zu Tigre, ronn 30 Kilometer nërdlech vu Buenos Aires, vu senger Operatioun erhuelen.

Lescht Woch gouf den Diego Maradona wéinst enger Gehierbluddung operéiert. Zanter Jore leit hie schonn ënner gesondheetleche Problemer. Hien hat ënnert anerem 2 Häerzinfarkter, hat sech mat Hepatite infizéiert an huet sech duerch säin Iwwergewiicht e Bypass am Mo setze gelooss. Donieft war hie schonn e puer Mol wéinst senger Drogesucht a Behandlung.

Back to Top
CIM LOGO