
De Match gouf, net wéi geplangt um Court 12, mä um Center Court gespillt. Déi 33 Joer al Lëtzebuergerin hat mam Kiki Bertens en Dënschdeg awer eng ganz staark Spillerin géigeniwwer stoen. D'Hollännerin steet aktuell nämlech op der 4. Plaz an der Weltranglëscht.

D'Ufanksphas vun der Partie war relativ ausgeglach an d'Lëtzebuergerin huet et hirer Géignerin ëmmer nees immens schwéier gemaach, wa si Drock mat der Virhand maache konnt. Beim Stand vun 3:2 aus der Siicht vum Bertens, huet d'Lëtzebuerger Nummer 1 dunn awer ëmmer méi Feeler gemaach an d'Bertens huet ee Break realiséiert. Si sollt dëse Saz dann och mat 6:3 gewannen.
Den zweete Saz war d'Hollännerin dann nach besser a Form an huet der Lëtzebuergerin wéineg Chance gelooss. Zum Schluss geet och dëse Mat 6:2 kloer un d'Kiki Bertens.
Nodeems et schonns e Méindeg um éischten Dag vum Haapttableau e puer gréisser Iwwerraschunge gouf, sinn dës och en Dënschdeg net ausbliwwen.
Bei den Häre war et nämlech ënnert anerem den aus fir den Dominic Thiem. De jonken Éisträicher huet sech en Dënschdeg iwwerraschend mat 7:6, 6:7, 3:6 an 0:6 géint de Sam Querrey misse geschloe ginn. Bei den All England Championships ass dee Mann awer keen Onbekannten. Den Amerikaner stoung nämlech 2017 schonns an der Halleffinall.
Bei den Damme muss iwwerdeems déi fréier Nummer 1 vun der Welt a Wimbledon-Gewënnerin vun 2017 Garbine Muguruza hir Saache paken. Si war en Dënschdeg am 1. Tour mat 4:6 a 4:6 dem Beatriz Haddad Maria aus Brasilien ënnerleeën.
Mam Maria Sharapova ass eng weider fréier Gewënnerin vu Wimbledon net méi mat dobäi. Si huet am éischten Tour beim Stand vun 6:4, 6:7 an 0:5 wéinst enger Blessur missen opginn, esou dass d'Pauline Parmentier aus Frankräich en Tour weiderkënnt. D'Russin hat den Tournoi am Joer 2004 gewonnen. Wärend der Partie louch d'Sharapova schonns mat 6:4 a 5:2 am Avantage.
Déi gréissten Iwwerraschung gouf et awer nach ëmmer um Méindeg, wou dat 15 Joer aalt Cori Gauff d'Venus Williams eliminéiere konnt.
RTL-News: 24 Joer Ënnerscheed - 15 Joer aalt Cori Gauff eliminéiert Venus Williams