
An der 1. Handball-Bundesliga huet d'Tina Welter iwwerdeems missen eng Defaite astiechen. D'Lëtzebuergerin huet mat Frisch Auf! Göppingen auswäerts zu Bensheim mat 37:33 de Kierzere gezunn.
Bei der VLN8 um Nürburgring konnt de Steve Jans an d'Top-10 fueren. Mat sengem Audi R8 LMS vum Phoenix Racing Team konnt de Lëtzebuerg, nodeems d'Course fir eng Stonn wéinst engem Accident ënnerbrach war, op déi 9. Plaz fueren. Am General ass de Jans elo 11.