
Bei der Dëschtennis Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn stoung um Sonndeg d'Finall bei den Hären um Programm.
Nodeems sech um Samschdeg d'Liu Shiwen bei den Damme konnt géint d'Chen Meng behaapten war et haut säi Landsmann Ma Long, deen dem Schwed Matthias Falck keng Chance gelooss hat. Um Enn ka sech de Mann aus China mat 4:1 an de Sätz géint dee stäerksten Europäer duerchsetzen.