Lëtzebuerg-PortugalLuc Holtz: Géigner huet kee Schwaachpunkt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg an enger Woch mussen d'Rout Léiwen a Portugal untrieden. Dëst gëtt dem Luc Holtz no e ganz schwéiere Match.
© AFP

Am Kader vu den zwee Lännermatcher géint Portugal a géint Dänemark huet d'Lëtzebuerger Futtball Federatioun e Mëttwoch de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert.

De Freiden an enger Woch muss d'Lëtzebuerger Nationalekipp an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft auswäerts a Portugal untrieden. Déi Woch drop Dënschdes spillen d'Rout Léiwen dann e Frëndschaftsmatch géint Dänemark, dat zu Aalborg. Fir de Luc Holtz ginn et zwee ganz schwéier Matcher, zemools géint Portugal déi senger Meenung no kee Schwaachpunkt opweisen.

De Kader fir d'Lännermatcher Portugal - Lëtzebuerg (11.10.2019) an Dänemark - Lëtzebuerg (15.10.2019)

Back to Top
CIM LOGO