Bei der Europameeschterschaft am Fechten ass d'Lis Fautsch direkt am 1. Tour vum Haapttableau vun der zweefacher Europameeschterin an Nummer 6 vun der Welt Violetta Kolobova aus Russland mat 15:8 eliminéiert ginn.
No enger gudder Qualifikatioun, wou d'Lëtzebuergerin ënnert anerem géint d'Vize-Olympiagewënnerin Rosella Fiamingo mat 5:3 gewonnen huet, hat d'Lis Fautsch kee Lousgléck am Haapttableau. Et hätt ee gehofft, fir géint méi eng schwaach Géignerin ze falen.