
D'Sportsproffen kënnen zanter der Rentrée hiert Konzept fir de Schoulsport ëmsetzen. Lo mat de neie Covid-Mesuren ginn et liicht Adaptatiounen. Fir d'Enseignanten vum Fach Sport a Beweegung ass dat awer absolut ze geréieren.
Beim Deconfinement am Fréijoer war d'Enttäuschung bei de Sportsproffe grouss, wéi se héieren haten, datt de Schoulsport bis de September géif ausfalen. Bei der Rentrée konnt een dunn seng Konzepter ëmsetzen, an déi mussen elo mat de neie Mesuren och net vill geäntwert ginn, esou de Claude Schumacher, President vun der Apep, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Sportsproffen:
"Déi eenzel Enseignanten mat hiren Direktiounen hunn sech vill Gedanken gemaach wei de neie Schoulsport soll ausgesinn, awer net elo eréischt mat de neien Mesuren, mee scho vun der Rentrée vun. D'Programmen sinn dann och esou, datt se dëser Zäit adaptéiert sinn."Wat dat elo an der Praxis bedeit, schéngt jo op der Hand ze leien.
"Et versicht een Kontakter ze vermeiden, och wann een an deene Sportaarten, wéi Handball, Fussball oder arts martiaux awer d'Technik verbesseren kann. E Match maachen ass dat wat d'Schüler am Léifsten maachen, dat ass awer natierlech am Moment schwéier méiglech. Bei den Outdoorsportaarten, Lafen, Vëlo fueren, kann een vill maachen, awer och Réckschlag-Sportaarten ass kee Problem, an och Choreographie, Rhythmik bitt sech elo un.
Déi nei Zuel ass jo elo d'4. D'4 ass déi nei 10, géif d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert soen. Dat gëllt och fir de Sportunterrecht, esou de Claude Schumacher.
"Mir hunn dat esou an eisem Konzept virgesinn, fir a klenge Gruppen ze schaffen. Et hëlt een ëmmer déi nämmlecht 4 Schüler fir eng Übung. Natierlech ass dat e bësse méi schwiereg ze handelen, ma dofir si mir ausgebilt."
Wat de Schwammunterrecht ugeet, ginn et am Fong elo mat den neie Mesure keng grouss Ännerunge fir d'Sportsproffen.
"Mir sinn an der nämmlechter Situatioun wéi bei der Rentrée. Déi meescht Schwämmen hu souwisou just nach d'Hallschent vun hiren Effektiver. An der Schwämm ass dat och staark reglementéiert. D'Schüler hu bis bei de Baseng hir Masken un. An et gëtt och gekuckt, datt d'Klasse sech net kräizen.
Och wann d'Stonnenzuel net déi ass, déi vun der Welt-Gesondheetsorganisatioun WHO gefuerdert gëtt, esou huet een am Lycée am Schoulsport awer op d'mannst duerch d'Sportsproffe richteg qualifizéiert Personal. Wichteg wär natierlech, wann dat och an Zukunft hei am Land am Fondamentale an deem Fach nach méi de Fall wär.
