Esouwuel Kleng wéi och Grouss hunn hiert Bescht ginn, ëmmerhi goung et ëm d‘Coupe de Luxembourg. An alle Kategorië ware schonns an den Halleffinallen e puer Favoritten erausgestach.
Bei de Seniors masculins war et esou enk wéi et nëmme gaangen ass. Hei louchen tëscht dem Éischten an dem Zweeten nëmmen 1 Zéngtel. Dat ass net méi wéi ee klenge Wackler oder ee klenge Schratt ze vill op d‘Säit. Schlussendlech stoung Schëffleng ganz uewen um Podium, dat virun Nidderkuer a Rëmeleng.
Bei de Juniors masculins konnt een ufanks awer wuel op déi meeschte Spannung hoffen. Do hat an den Halleffinallen Éiter dee beschte Score gemaach. D‘Juniore vun Éiter turnen immens propper, wat wéineg verwonnerlech ass, well hiren Trainer war selwer dofir bekannt. De Grigori Misutin war net nëmme Weltmeeschter am Turnen, mä huet och Gold bei Olympia gewonnen. Elo trainéiert hien d‘Jonge vun Éiter.

E Samschdeg sollt et awer fir seng Jongen net ganz duergoen. Um Pauschepäerd hu si vill Punkte verluer an domat och all Chance op den Titel.
Ee weidere Favorit war den Nordstad-Turnveräin. Si louchen an der Halleffinall nëmme knapps hannert Éiter. E Samschdeg ware si zwar virun hinnen, ma nawell sollt et net duergoen, fir ganz uewen um Podium ze stoen. Schlussendlech huet awer d‘Ekipp vu Beetebuerg gewonnen, dat viru Bieles. Dat genau ëmgedréint Resultat wéi an der Halleffinall.
De Christof Theis, deen d'Juniore vum Nordstad-Turnveräin trainéiert huet betount, dass ee sech wuel villäicht een anert Resultat erwaart hätt, ma datt een e Samschdeg gesinn hätt, dass et am Turne vill op d'Dagesform ugeet.

Bei de Juniors féminins gouf et mat Beetebuerg ee ganz grousse Favorit an déi sollten dann och e Samschdeg komplett dominéieren. Och hei ass den Nordstad-Turnveräin op déi zweete Plaz komm.
A Beetebuerg sollt och bei de Seniors féminins d‘Nues vir hunn. Si wannen um Enn virum Flic-Flac Déifferdeng an dem Nordstad-Turnveräin. Ee gelongene Samschdeg fir Le Réveil Beetebuerg.
D'Nathalie Frosio vum Beetebuerger Turnveräin huet ënnerstrach, dass et tatsächlech net hätt kéinte besser goen. Et wier ee mat 3 Ekippen ugetrueden an allen 3 wieren op déi éischte Plaz komm. Et géif ee kloer ëmmer dofir schaffen, mä elo wou et sou wäit ass, wier een iwwerglécklech.

De Réveil Beetebuerg ënnersträicht domat seng Dominanz am Dammen-Turnen a schéngt och bei den Hären nees um gudde Wee ze sinn.