
En Donneschdeg de Moien hu sech op der Sportkeele-WM de Gilles Mores an de Christopher Zels fir d'Finall am Eenzel qualifizéiert. Dëst ass eng Première, well nach ni 2 Lëtzebuerger an enger Eenzel-Finall stoungen. Do spillen déi zwee Lëtzebuerger géint déi béid Däitsch Christian Junk an den aktuelle Weltmeeschter André Laukmann.
De Gilles Mores huet bis zum Schluss missen zidderen, d'Erliichterung war dofir grouss, datt et fir d'Finall duergaangen ass.
Bei den Dammen huet d'Martine Keller souverän de Sprong an d'Finall gepackt. Domadder hat si selwer awer net gerechent.
Déi zweet Lëtzebuergerin, Mandy Parracho, huet missen op en Neits ofwaarden, wéi d'Konkurrenz sech aus Brasilien an Holland géif schloen. Um Enn sollt et op 8 Keelen net duergaangen.
An der zweeter Disziplin mat Lëtzebuerger Participatioun, am Team Doppel Mixte hunn d'Koppel Christopher Zels a Stacy Parracho de Lëtzebuerger Landesrekord mat 860 Holz egaliséiert. Dëst sollt duergoen, fir an d'Finall anzezéien, wou se op déi däitsch Cathrin Bertermann a Christian Junk treffen, déi sech och mat 841 Holz duerchgesat hunn.
D'Stëmmung an der Lëtzebuerger Delegatioun ass weiderhi gutt. Dem Dammecoach Alberto Bargagna ass houfreg op déi méi positiv Resultater: "Mir hu gewisen, dass mir Top virbereet waren an d'Motivatioun fir déi weider Kompetitiounen ass immens héich."
Am Team Doppel Hären hunn den Tom Hoffmann an de Christopher Zels 867 Holz gespillt. Dëst war den drëtthéchste Score hannert den 2 Däitsche Koppen, déi d'Final spillen. Och wann et net fir Sëlwer duergaangen ass, kann ee sech iwwert dës Bronzemedail freeën.