Lëtzebuerger Sportler am AuslandKnapp 84:85-Néierlag fir den Thomas Grün mat de Gladiators

RTL Lëtzebuerg
Och dëse Weekend waren nees Lëtzebuerger Sportler am Ausland am Asaz - hei den Iwwerbléck.
© Antpics (Archivbild)

Bei der 84:85-Defaite vun den Tréierer Gladiators e Samschdeg géint Science City Jena huet den Thomas Grün 5 Punkte markéiert. De Lëtzebuerger Basketnationalspiller stoung bal 18 Minutten um Parquet.

E méi erfollegräiche Samschdegnomëtteg hat iwwerdeems d'Magalie Meynadier an der 1. däischter Damme-Bundesliga. D'Lëtzebuerger Nationalspillerin konnt mat senger Ekipp, den XCYDE Angels, eng 63:58-Victoire feieren. D'Magalie Meynadier war bal 25 Minutten am Asaz a konnt 6 Punkte markéieren.

Am Volleyball war de Max Funk mat der TUS Mondorf an der 2. däitscher Bundesliga-Nord am Asaz. De Lëtzebuerger hat mat senger Ekipp e gudden Dag erwëscht, konnt d'Consignë vum Trainer optimal ëmsetzen an um Enn däitlech mat 3:0 géint Mitteldeutschland gewannen.

An der däitscher Handball-Bundesliga bei den Damme huet Göppingen e Samschdeg knapp mat 30:31 géint Bensheim-Auerbach verluer. D'Ekipp vum Tina Welter steet an der Tabell op der 11. Positioun.

Back to Top
CIM LOGO