SchisprangenKarl Geiger zu Lahti ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
De 27 Joer alen Däitsche konnt sech souverän virum Stefan Kraft an dem Michael Hayböck, allebéid aus Éisträich, behaapten.
© AFP

Beim 1.000. Weltcup-Schisprange konnt de Karl Geiger a Finnland zu Lahti d'Victoire feieren. De Geiger war scho beim 1. Duerchgang richteg staark a konnt am 2. mat engem Sprong iwwer 130 Meter noleeën. De Podium gouf vun zwee Éisträicher, Kraft an Hayböck, komplettéiert.

Am General läit de Stefan Kraft mat 1533 Punkten un der Spëtzt. Dat virum Karl Geiger mat 1395 an dem Dawid Kubacki aus Pole mat 1107 Punkten.

Top 10 zu Lahti a Finnland

1 Karl Geiger - Däitschland 266,4
2 Stefan Kraft - Éisträich 260,5
3 Michael Hayböck - Éisträich 259,1
4 Constantin Schmid - Däitschland 254,5
5 Stephan Leyhe - Däitschland 254,3
6 Piotr Zyla - Polen 251,6
7 Ryoyu Kobayashi - Japan 250,2
8 Robert Johansson - Norwegen 250,0
9 Daniel-André Tande - Norwegen 248,9
10 Anze Lanisek - Slowenien 247,9

Back to Top
CIM LOGO