
Ob Olympia awer an engem Joer wéi soss kann oflafen, steet weiderhin an de Stären.
Um Kongress vum Lëtzebuergeschen Olympesche Comité (COSL) huet den techneschen Direkter Heinz Thews en Abléck an déi aktuell Situatioun ginn.
Fir elo virauszegesinn, wéi d'Situatioun am Juli an August 2021 wäert sinn, ass quasi onméiglech. De Virdeel ass awer, datt bis dohin nach e bëssen Zäit vergeet.
Fir d'Sportler an och déi Responsabel vum COSL fänkt déi normal Preparatioun trotzdeem un, seet den techneschen Direkter. Den Heinz Thews schwätzt vun engem dynamesche Prozess an ass optimistesch, datt d'Olympesch Spiller wäerte stattfannen. "Och den Organisateur ass gefuerdert, zum Beispill war jo gesot ginn, datt schonns een Deel vun de Wunnengen am olympeschen Duerf verkaf waren", seet den Heinz Thews. "Am Juli hu mir elo Kontakt an da beschwätze mir déi nächst Schrëtt."
Virun allem bleift ofzewaarden, ënnert wéi enge Konditiounen esou e risege Sportevent wéi Olympia kann iwwert d'Bün goen.
Mesurë wiere wuel nëtzlech, mä eigentlech hëllefe géif just en Impfstoff. "Et muss een ofwaarden, wéi d'Sécherheet vun den Athlete ka garantéiert ginn", seet den Heinz Thews. Et géifen awer och nach logistesch Hürde bleiwen, zum Beispill misst ee kucken, ob een d'nächst Joer och nees fräi reesen dierf.
Dem Heinz Thews no kënne virun allem déi Athleten, fir déi et dëst d'Joer a puncto Qualifikatioun knapp gi wier, dovu profitéieren, datt et eréischt 2021 ass.
Souwuel ee Jenny Warling am Karate, wéi och ee Charel Grethen an der Liichtathletik, hunn elo nees méi reell Chancen op Olympia.
