Rugby-WMItalien gewënnt géint Namibia, Irland klappt Schottland

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien huet Italien 47:22 géint Namibia gewonnen. Trotz gudder Verteidegung, hu sech missen d'Namibier zum Schluss geschloe ginn.
© AFP/Filippo MONTEFORTE

Esou vill Punkten haten d'Italiener net méi zanter hirer WM-Geschicht 2011 géint Russland. Dat waren der deemools 51.

De Match tëscht Irland a Schottland huet och keng Sekonn fir Langweil gesuergt. D'Iren hunn hire Géigner mat 27:3 geschloen. No 13 Minutte louch de Favorit schonn 12:0 vir.

© AFP/Filippo MONTEFORTE

Eng Ronn weider waren e Samschdeg Australien, Neiséiland a Frankräich. Déi australesch Ekipp hat mat 39:21 den dominante Part am Spill géint Fiji iwwerholl. Gutt gespillt hunn och d'Neiséilänner géint hir südafrikanesch Géigespiller. D'All Blacks hunn d'Springboks mat 23:13 geklappt.

© AFP/WILLIAM WEST

Eng Zitterpartie war de Match tëscht Frankräich an Argentinien: Mat 2 Punkte Réckstand hunn d'Südamerikaner géint d'Fransouse verluer.

© AFP/FRANCK FIFE

Méi Informatiounen iwwert d'Rugby-WM kënnen op dësem Link nogekuckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO