
No ronn 8 an enger hallwer Stonn war hie knapp 4 Kilometer geschwommen, 180 Kilometer Vëlo gefuer an e komplette Marathon vun 42 Kilometer gelaf.
Geschwomme gouf am 13-Grad kale Pool mat Géigestroumanlag, Vëlogefuer gouf um smarten Hometrainer a gelaf gouf um Lafband.
Um Vëlo gouf hie begleet vu ronn 1.000 Athleten déi, déi virtuell Streck op enger Online-Trainingsplattform matgefuer sinn.
Dat Ganzt war natierlech fir de gudden Zweck an op deem Wee huet den Olympia-Gewënner gutt 200.000 Euro gesammelt.