
Nämlech déi, dass et genuch Kapazitéit vun deenen Tester bei eis am Land gëtt.
"Wa mir se zu Verfügung hunn an ouni dass d'Kapazitéiten aus de Spideeler an de Fleegeheemer crevéiert, da kann een dovunner ausgoen, dass een doriwwer kann diskutéieren. Mee dat ass eng vun deenen Detailfroen, déi ech net vun uewen erof wëll decidéieren, mee wou ech wëll mat de betraffene Federatiounen eng Léisung sichen. Do ginn et schonns Kontakter ënnert de Federatiounen, déi sech vu sech aus selwer concertéiert hunn. Ech sinn an deene Gespréicher mat involvéiert. Mir wäerten esou bal mir eng Léisung hunn, och zu enger Léisung kommen."
Eisen Informatiounen no kéint et an den nächsten Deeg zu enger Decisioun kommen, ob d'Sport-Federatiounen esou Schnelltester kënne kréien oder net.
