FuttballGespaart an awer coachen: Wat kann d'FLF ënnerhuelen?

Franky Hippert
Eleng leschte Weekend konnt ee gesinn, wéi den Trainer vun Hesper, dee gespaart ass, vun hannert der Bänk aus gecoacht huet.

Et kënnt ëmmer nees am Lëtzebuerger Futtball vir. En Trainer ass u sech gespaart, steet awer just ee Meter nieft de Trainerbänk, dann eben hannert der Clôture, ze coachen. Eng richteg Spär ass dat net. De Weekend war dat och nees de Fall. Bei der FLF ass ee sech dem Problem bewosst.

Futtballtrainer richteg spären / Reportage Franky Hippert

De Weekend gouf et de Fall, wei deen „u sech“ gespaarten Trainer vun Hesper an der Éierepromotioun hannert der Clôture, also reegelkonform, gecoacht huet. Den President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun Paul Philipp kennt d'Problematik

E Sonndeg hat et senger Ekipp awer näischt bruecht, well Hesper 1-2 verluer hat. Mä et ass aktuell schonn ee Problem.

Geschitt ass bei der FLF an deem Dossier bis dato awer näischt bis net vill, och wann de Paul Philipp deen een oder anere Léisungsvirschlag huet. Vläicht kann een drun denken, datt en Trainer virum Match an an der Paus net an de Vestiaire däerf, esou eng Iddi vum President.

Et muss ee sech effektiv d'Fro stellen, ob et net am sënnvollste wär, fir datt eng Spär vun engem Trainer och eng richteg Spär ass. Wann ee weess, wéi d'Infrastrukturen hei am Land sinn, datt e gespaarten Trainer einfach aus der ganzer Enceinte vum Futtballterrain misst erausbleiwen:

Et misst een dann awer kucken, wéi een dat géif kontrolléieren. Fir hie géif et fir en Trainer am wéisten doen, wa keen direkte Kontakt mat senge Spiller virum Match an an der Paus géif bestoen, präziséiert de Paul Philippe.

Den FLF President huet eis nach gesot, datt een dee Punkt an engem vun de nächste Verwaltungsréit mat op den ordre du jour géif huelen.

Back to Top
CIM LOGO