De Fall Gianni InfantinoFir d'Anne Brasseur ass dëst en absolutte Skandal, et muss eng Reform kommen

Tom Hoffmann
Eigentlech sollt den Gianni Infantino no de sëllege Korruptiounsaffäre fir Uerdnung an Transparenz bei der FIFA suergen.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

Elo awer steet de President selwer am Fokus vun der Schwaizer Justiz. D''DP Politikerin Anne Brasseur fuerdert eng provisoresch Suspensioun vum FIFA President. Dem Mann gëtt ënner anerem virgeworf sech an de Joren 2016 an 2017 heemlech mam Schwäizer Procureur Lauber getraff ze hunn. Deen ënner anerem mam Fifa-Gate befaasst war.

Dorënner fällt och de Prozess vun der WM 2006 an Däitschland, déi jo och ënner Korruptiounsverdacht steet. Den Gianni Infantino soll sech an deem genannten Zäitraum mam Schwäizer Procureur Michel Lauber dräi Mol privat getraff hunn, deen ënnert anerem mat der Affär vun der WM befaasst war. Enn Abrëll koum dunn d'Nouvelle, dass dëse Prozess wéinst Verjärung agestallt gouf.

Fir d'Anne Brasseur, déi d'Rapportrice vun der "La Bonne Gouvernance du Football" am Joer 2018 war, ass dat en absolutte Skandal: "FIFA sollt eng Reform duerchzéien, déi war scho vum Här Blatter ugesat ginn an ech hat gehofft, dass dat mam Här Infantino géif a Praxis ëmgesat ginn, mä näischt ass geschitt. Et ass haut méi schlëmm wéi jee well et ka jiddereen e Procureur gesinn, mä da geet een an de Büro an et gesäit een sech net privat an engem Restaurant. An wéi dat opgedeckt ginn ass, dunn haten se all op emol Amnesie an et goufen och keng Notten. Dat ass net akzeptabel."

De Michel Lauber, ass an Tëschenzäit vu sengem Posten zréck getrueden. Den Infantino bléift den Ament awer nach op sengem Stull setzen an d’Ethikkommissioun vun der FIFA hält sech bedeckt: „Menger Meenung no huet déi Ethikkommissioun, déi ganz wichteg ass, guer keng Independance an et géing mech wonneren, wann déi elo eng Suspensioun géif prononcéieren.“

An dann ofwaarden, bis den néie Procureur statuéiert ass. Dat hätt an den Aen vum Anne Brasseur dozou gefouert Kredibilitéit erëm ze gewannen: "Well déi ass a mengen Ae komplett futti an dat deet mir leed fir all déi di Sportbegeeschtert sinn an all déi di fir de Futtball liewen… De Futtball huet wierklech eppes bessers verdéngt."

Back to Top
CIM LOGO