Wéinst CoronaEn aussergewéinlechen Ironman fir den Eric Wagner

RTL Lëtzebuerg
Opgrond vum Coronavirus gouf den Ironman déi nächst Woch a Portugal ofgesot, op deen den Eric Wagner sech 10 Méint laang virbereet hat.
En aussergewéinlechen Ironman fir den Eric Wagner
Zu Dräibuer huet den Eric Wagner e Samschdeg de Moien un engem aussergewéinlechen Ironman deelgeholl.

E Samschdeg de Moien um 6.30 Auer zu Dräibuer: Den Eric Wagner ass zesumme mat sengem Trainer a sengem Betreier um Wee an d'Schwämm. Et stinn 3,8 Kilometer um Programm. Et ass awer keen normalen Training, mä déi 1. Disziplin vun engem ganz besonneschen Ironman. U sech sollt de 35 Joer ale Sportler amgaange sinn, d'Wallissen ze paken, fir an enger Woch a Portugal bei engem Ironman matzemaachen.

A Portugal wier den Eric am Mier geschwommen, zu Dräibuer stoungen 152 Längten um Programm, duerno huet de Vëlo gewaart. Begleet gouf de jonke Pilot vun der Air Rescue wärend 180 Kilometer vu sengem Trainer, deen hien domadder moralesch ënnerstëtzt, an zur gläicher Zäit Verschiddenes getest huet.

A Portugal hätt den Eric sech och fir d'Weltmeeschterschaft zu Hawaii kënne qualifizéieren. Hei hat hie virun 2 Joer eng 90. Plaz vun 2.500 Participanten opzeweisen. De Frust war grouss beim Eric, wéi hie gewuer gouf, dass dës Kompetitioun, déi hien 10 Méint laang virbereet hat, kuerzfristeg wéinst dem Coronavirus ofgesot gouf. Dunn huet hie selwer zesumme mat sengem Trainer en Ironman op d'Bee gesat.

Nom Vëlo stoungen nach 42 Kilometer Lafen um Programm. Eng haart Noss. Hie gouf dobäi vun e puer Kollegen ënnerstëtzt, déi hien en Deel vun der Streck begleet hunn. Applaus krut hie vu Membere vun der Associatioun géint Rassismus, fir déi den Eric Fonge gesammelt hat. Séier gouf nach eng Linn gezunn an no ronn 10 Stonnen huet den Ausdauerathlet säin Zil erreecht. An enger authentesch häerzlecher Atmosphär gouf den Extremsportler um Rand vun der Musel gefeiert.

Et konnt een am Gesiicht vum Eric Wagner liesen, wéi déi extrem Middegkeet sech a waarmhäerzeg Gefiller verwandelt huet. De Sport kann ebe sou munches a Beweegung setzen.

Back to Top
CIM LOGO