HandballD'Tina Welter huet sech d'Nues am Training gebrach

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin, déi bei Frisch! auf Göppingen an der éischter däitscher Bundesliga spillt, fält elo fir e puer Wochen aus.
© Archiv

Déi Lëtzebuerger Handballspillerin Tina Welter huet sech en Donneschdeg den Owend am Training mat hirer Ekipp Frisch! auf Göppingen d'Nues gebrach. D'Lëtzebuergerin huet missen operéiert ginn a wäert hirer Ekipp elo e puer Woche feelen.

De leschte Weekend war den Optakt vum däitschen Handball-Championnat. D'Tina Welter hat sech hei mat hirer Ekipp misse mat 22:26 géint Blomberg-Lippe geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO