IOCD'Olympesch Wanterspiller 2026 sinn zu Mailand

RTL Lëtzebuerg
Den IOC-President Thomas Bach huet um Méindeg den Owend um 18 Auer bekannt ginn, dass Mailand déi Olympesch Wanterspiller 2026 organiséiert.

Op der 134. Sessioun vum Internationalen Olympesche Comité zu Lausanne hu ronn 85 Memberen e Méindeg den Owend driwwer ofgestëmmt, wien no Pyeongchang a Südkorea d'lescht Joer a Peking 2022, d'Wanterspiller a 7 Joer nees an Europa organiséiert.

Mailand mat Cortina d'Ampezzo huet sech bei der Ofstëmmung vum Internationalen Olympesche Comité géint déi schwedesch Haaptstad Stockholm duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO