
E Sonndeg stoungen nach zwou Partië vum 15. Spilldag um Programm, dat mat der Explikatioun tëscht der Escher Jeunesse an dem Champion vun Diddeleng. An der Millebaach waren déi Rodanger op Besuch.
LINK: D'Livetickere vun all de Partië fir nozeliesenSchonn e Samschdeg hat d'Fola am Däich bei der Ettelbrécker Etzella gewonnen an Nidderkuer hat géint de Racing de Kierzere gezunn. Rouspert krut iwwerdeems e Punkt zu Péiteng - hei den Detail.
0:1 Klapp (63')
Den F91 Diddeleng wollt un der Escher Grenz virun 963 Zuschauer déi 3 Punkte mat heem huelen. E bësse glécklech aus der Siicht vun den Escher goung et beim Stand vun 0:0 an d'Paus. D'Ekipp aus der Forge du Sud hat eng ganz Rëtsch Chancen, konnt dës awer net an e Gol ëmmënzen. Kuerz no der Stonn Spillzäit huet et dunn awer gerabbelt.
Et war de Ryan Klapp, deen den aktuelle Champion mat 1:0 a Féierung brénge konnt. An de Schlussminutte vun dëser Partie ass d'Jeunesse schliisslech erwächt, virum eegene Public wollt ee sech net einfach esou opginn. D'Diddelenger hunn hannen awer zougemaach a kee Gol vun der Jeunesse méi zougelooss, och wann déi alles no vir geheit huet. An der Tabell schmëlzt mat dësem Diddelenger Erfolleg de Réckstand vum F91 un d'Tabellespëtzt. Just nach 7 Punkten trennt Diddeleng vu Péiteng an der Fola.
0:1, 0:2, 0:3 Larrière (29', 32', 40')
Rodange hat um leschte Spilldag géint d'Etzella e schwéiere Stand a wollt et um Sonndeg an der Millebaach besser maachen. Déi ronn 100 Spectateuren hunn dann och vun Ufank un eng nervös Partie gesinn, an där d'Gäscht bannent 10 Minutten duerch en Hattrick vum Larrière de Match op d'Kopp gestallt hunn.
Nom Säitewiessel huet Rodange näischt méi ubrenne gelooss a sou konnten d'Gäscht den Duell vun den Opsteiger mat 3 wichtege Punkte fir sech entscheeden.
