
Et schéngt eng ganz speziell Editioun vum Grand Slam zu London ze ginn dëst Joer. Bis elo hunn nach all Dag missen e puer Favoritten de Wee heem untrieden.
E Freideg si bei den Hären direkt 3 Spiller erausgeflunn, wou ee sech dat net erwaart hätt. Ugefaange mam Kevin Anderson, dee sech iwwerraschend mat 4:6, 3:6 a 6:7 dem Guido Pella aus Argentinien huet misse geschloe ginn. De Südafrikaner war op 4 gesat bei dësem Tournoi.
Weider war och fir de Russ Karen Khachanov Schluss. Hie verléiert e Freideg am 3. Tour mat 3:6, 6:7 an 1:6 géint de Roberto Bautista Agut aus Spuenien.
Mam Daniil Medvedev war et dann och den Out fir deen zweete Russ. Den op Nummer 11 gesatene Medevedev huet sech an engem richtege Krimi mat 6:4, 2:6, 6:3, 3:6 a 5:7 dem David Goffin misse geschloe ginn.
Bei den Dammen huet dunn och déi fréier Nummer 1 Caroline Wozniacki missen "Äddi" soen. D'Dänin war der Chinesin Shuai Zhang mat 4:6 an 2:6 ënnerleeën.