Dat ënnersträicht d'Zuel vun de Sportler, déi op d’Hëllef vum LIHPS zréckgräife konnten. 58 Sportler aus 20 Federatioune goufen betreit an d'Tendenz geet weider an d'Luucht. Aktuell steet ee scho bei 65.
Beim LIHPS ginn et vill Sparten, wouvu Kader-Athlete kënne profitéieren. Sport-Psychologie, Biomechanik oder eng Optimisatioun vum Training sinn nëmmen 3 vun 10 Beräicher, déi d’Institut offréiert. En neit Element sollt deemnächst bäikommen, de Back to Sports. "Dat ass e Beräich, wann e Sportler verletzt war, fir dofir ze suergen, dass en nees seng 100% Leeschtung ka bréngen." Esou den Alwin de Prins, den Direkter vum LIHPS.