
Um 2. Spilldag vun der Gruppephase an der Europa League ass den F91 Diddeleng den Owend am Asaz. No der 4-3 Victoire géint Nikosia heescht de Géigner den Owend Qarabag. Scho virun 3 Joer hat den F91 an der Qualifikatioun fir d'Championsleague géint de Champion aus dem Aserbaidschan gespillt.
D'Partie gëtt den Owend um 21 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff. De Match gëtt um 2ten RTL, op rtl.lu an der op der App iwwerdroen.
Am selwechte Grupp wéi Diddeleng spillt den Owend den FC Sevilla géint Nikosia. An der Tabelle kënnt Sevilla mat 3 Punkten op déi 1. Plaz. Déi Diddelenger hunn och 3 Punkten a kommen op déi zweet Plaz. Nikosia a Qarabag hu bis ewell kee Punkt.
Nach e puer weider Matcher vun den Owend erausgepickt:
Arsenal London kritt et mam Standard vu Léck ze dinn. D’Young Boys vu Bern mam Christopher Martins spille géint d’Glasgow Rangers. De Gerson Rodrigues an Dynamo Kiev sinn op Besuch bei Lugano a Gladbach trëfft auswäerts op Istanbul Basaksehir.