ITF-Tennis-Tournoi DenainD'Eléonora Molinaro wënnt d'Finall géint d'Katharina Hobgarski

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet sech beim ITF-Tennis-Tournoi zu Denain a Frankräich an 3 Sätz mat 6:4, 1:6 a 6:3 d'Victoire geséchert.
© pressphoto (Archiv)

No der Victoire vum Eléonora Molinaro e Samschdeg an der Halleffinall géint déi fréier Nummer 5 op der Welt Sara Errani huet d'Lëtzebuergerin den ITF-Tournoi zu Denain e Sonndeg perfekt op een Enn bruecht. D'Molinaro huet sech nämlech an der Finall an 3 Sätz mat 6:4, 1:6 a 6:3 d'Victoire géint d'Katharina Hobgarski aus Däitschland geséchert. An der Weltranglëscht steet d'Molinaro op Plaz 485, d'Hobgarski ass d'Nummer 247.

Fir d'Eléonora Molinaro ass et déi éischt Victoire bei engem mat 25.000 US-Dollar dotéierten Tournoi.

Back to Top
CIM LOGO