E Freideg den Owend gouf um 23.35 Auer déi zweet Editioun vun den Europaspiller offiziell lancéiert. D'Biathletin Darja Domratschewa huet zesumme mat weidere wäissrussesche Spëtzesportler d'Flam vum Fridden ugefaangen.

Vum 21. bis den 30. Juni kämpfen iwwer 4.000 Athleten an Athletinnen aus 50 europäeschen Natiounen bei den Europaspiller zu Minsk ëm Medailen, dorënner och 24 Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen.
Um Programm stinn 199 Kompetitiounen a 15 Sportaarten respektiv 19 olympeschen Disciplinnen.
Scho virun der offizieller Erëffnungszeremonie waren e Freideg de Mëtteg e puer Lëtzebuerger am Asaz an dat am Bouschéissen an am Boxen.
RTL-Artikel: Bouschéissen: Gilles Seywert an der Compound-Qualifikatioun de 5. RTL-Artikel: Boxen: Kloer Néierlag fir de Michel Erpelding
