
Den Argentinier ass elo zanter iwwer 20 Joer beim FC Barcelona. No der batterer Néierlag an der Champions League géint den FC Bayern, huet et geheescht de Messi wéilt de Veräin verloossen.
A sengem Kontrakt ass festgehalen, dass säin neie Veräin 700 Milliounen Euro misst op den Dësch leeën, fir sou en Transfert méiglech ze maachen. Et goufen do och tatsächlech e puer Veräiner, déi sech där Saach wollten unhuelen. Déi beschte Chancen hat sech Manchester City ausgerechent.
De Messi hat souguer drop spekuléiert, dass hien de Kontrakt eesäiteg kéint opléisen, well hien esou eng Klausel a sengem Kontrakt stoen hat. Déi ass awer op den 10. Juni ausgelaf. De Messi huet drop gepocht, dass d'Saison wéinst der Coronakris verlängert gouf, an och déi Klausel misst verlängert ginn.
Deem schéint dann elo definitiv net esou ze sinn. De Lionel Messi bleift eng weider Saison beim FC Barcelona. Dat huet hien an engem exklusiv-Interview mam Online-Portal "Goal.com" matgedeelt. Do erkläert hien och, dass seng Famill alles anescht ewéi begeeschtert war, wéi hie si iwwert säi Wiessel-Wonsch informéiert huet. Si hätten all gekrasch.
De Lionel Messi wollt elo net viru Geriicht streiden, fir awer dierfen de Veräin ze verloossen. Dofir erfëllt hie säi Kontrakt, deen nach bis den 30. Juni 2021 leeft. Duerno däerf hie goen... an Barcelona kritt da keen Euro fir den Transfert.