NASCAR Euro SeriesDe Grousse Präis vu Spuenien vun 16.50 Auer u live op RTL

RTL Lëtzebuerg
Zu Valencia a Spuenien ass de Weekend den Optakt vun der neier Saison an der NASCAR Euro Series.

De Lëtzebuerger Gil Linster geet an der NASCAR Euro OPEN mat der Startnummer 50 un den Depart, dat op engem Ford Mustang vum Team Hendriks Motorsport.

An der EuroNASCAR stinn dës Saison 6 Course-Weekender um Programm, ugefaangen dëse Weekend mat där zu Valencia a Spuenien. All d’Coursse vun der EuroNASCAR gi live op RTL.lu, der App an RTL Play iwwerdroen.

NASCAR Euro OPEN - RACE 1, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 18. Abrëll 2026:
Ufank vun der Emissioun: 16h50
Course: 17h15
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 18h30

NASCAR Euro OPEN - RACE 2, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.
Sonndeg, 19. Abrëll 2026:
Ufank vun der Emissioun: 10h30
Course: 11h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h20

De weidere Programm

© NASCAR Euro Series

Back to Top
CIM LOGO