
Den Dave Turpel an de Kevin Malget hu sech an der Preparatioun mat hirem Club blesséiert. Beim Turpel ass de Meniskus gerass.
De Stiermer muss operéiert ginn, an dierft ronn 6 Wochen ausfalen. Beim Malget steet déi genee Diagnos nach net fest.
A 4 Woche soll de Championnat an der BGL-Ligue jo ufänken. A 6 Wochen hunn d'Rout Léiwen hir éischt Matcher an der Nations League.