
3 Matcher, 3 Victoiren. Esou kann een de Start vun der Saison vun de Kansas City Chiefs beschreiwen. D'Ravens si besser an de Match komm an hu 6 Punkten duerch en Touchdown gemaach. Dono koum awer de Moment vun den Chiefs. Am zweete Quarter hu si kee Géigepunkt zougelooss a selwer der 23 markéiert. Esou stoung et an der Paus 23:6 fir d'Heemekipp. Am drëtte Véierel hu béid Ekippe 7 Punkte markéiert an déi 15, déi d'Ravens am leschte Quarter higeluecht hunn, sollten net duergoen, fir de Match ze gewannen. Esou setzen d'Chiefs sech zum Schluss mat 33:28 duerch.
Et war eng staark éischt Hallschent vun den Tampa Bay Bccaneers, déi an der Paus doheem mat 28:10 virlouchen. Ma de jonken an neie starting Quarterback vun den Giants huet an der zweeter Hallschent richteg gutt gespillt. 1 Minutt an 21 Sekonne viru Schluss huet den Jones de Ball selwer an d'Endzone bruecht, en Touchdown markéiert a seng Ekipp a Féierung bruecht. Et war wuel net méi vill Zäit fir d'Bucs, fir de Match ze dréinen an awer hu si de Ball bis op d'34 Yard-Linn bruecht. Hei hat de jonke Kicker Gay awer net d'Nerven an huet de Ball net tëscht d'Potto placéiert. Esou verléieren d'Bucs knapp a mat e bësse Pech 31:32 géint d'New York Giants.
Ähnlech wéi d'Chiefs hunn och d'San Francisco 49ers bis elo all Match gewonnen. Dat sollt sech och géint déi schwéier ugeschloe Pittsburgh Steelers net änneren. An der Paus louchen d'Steelers nach 6:3 vir, ma e gudden drëtte Quarter ass der Heemekipp duergaangen, fir de Match ze dréinen. Dësen ass mat 14:7 u si gaangen. E 7:7 am leschte Quarter huet d'Steelers dann net méi no vir bruecht, esou datt d'49ers knapp mat 24:20 doheem géint d'Steelers wannen. Fir d'49ers ass et déi éischte Kéier zanter 1998, datt si mat 3 Victoiren aus 3 Matcher an d'Saison starten.
Ee gudde Quarter ass de Seahawks net duergaangen, fir sech doheem géint d'Saints ze behaapten. D'Ekipp aus New Orleans muss wéinst enger Blessur op hire Nummer 1 Quarterback verzichten, ma säin Ersatz Bridgewater huet géint Seattle gutt ausgesinn. Eleng an der éischter Hallschent konnt hien 20 Punkten op d'Board bréngen, seng Defense huet der just 7 zougelooss. Am drëtte Véierel hu si souguer nach op 27:7 erhéicht, ma de Seahawks hir Zäit sollt dono kommen. 20 Punkten hu si an de leschte 15 Minutte gemaach, ma déi 6 Punkten, déi d'Saints an där Zäit hikritt hunn, sollte fir eng Victoire fir d'Ekipp a Wäiss-Schwaarz-Gold duergoen. 33:27 stoung et no 60 Minutten.
Lions - Eagles 27:24
Jets - Patriots 14:30
Raiders - Vikings 14:34
Ravens - Chiefs 28:33
Falcons vs Colts 24:27
Broncos - Packers 16:27
Dolphins - Cowboys 6:31
Titans - Jaguars 7:20
Bengals - Bills 17:21
Giants - Buccaneers 32:31
Panthers - Cardinals 38:20
Steelers - 49ers 20:24
Saints - Seahawks 33:27
Texans - Chargers 27:20
Rams - Browns 20:13
E Méindeg treffen nach d'Bears op d'Redskins