
De Bob Haller trainéiert an Zukunft net méi a Portugal. Den Triathlet huet decidéiert, fir an Zukunft nees seng Trainingsprogrammer hei zu Lëtzebuerg ze kréien. Déi Decisioun ass him awer net einfach gefall.
Nodeems dem Bob Haller säi Papp dat leschte Joer gestuerwen ass an hie sech och blesséiert hat, huet hie mam Gedanke gespillt, fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Wat dunn awer nach net geschitt ass. Nodeems awer elo d'Olympesch Spiller verréckelt goufen an och keng Kompetitiounen an den nächste Woche sinn, hat hien d'Gefill, dass säi portugiseschen Trainer kee richtege Plang méi hat.
"Ech hunn dunn d'Entscheedung fir mech perséinlech getraff, dann a Portugal opzehalen. Ech hunn natierlech och direkt mat mengem Verband, mam Nationaltrainer Thomas Andréos a mam Heinz Thews zesumme mam COSL a mam LIHPS direkt Kontakt gehat an hinnen déi Entscheedung matgedeelt a si sti voll a ganz hannert mir."
De Bob Haller seet, dass net alles a Portugal schlecht war. Wat seng Entwécklung am Lafen awer ugeet, ass hien enttäuscht.
"Meng al Laf-Fitness, dee gudde Laf-Styl, deen ech hat, fir deen nees opzebauen an ze stäerken. Et huet éischter ausgesinn, wéi wann et schifgaange wär mam Lafen."
Zukunft ass fir de Bob Haller elo nees hei zu Lëtzebuerg: "Ech trainéieren elo mam Thomas Andréos zesummen. Mir maachen den Ament een Trainingsplang, mir versichen een neien Trainer, een neien Trainingsgrupp ze fannen. Vue dass mir bis elo ëmmer gesinn hunn, dass bei mir eng Trainingsgrupp vill bréngt, e Changement bréngt. Dat ass elo mol, wat de Plang ass a kucken, wéi dat weidergeet."
Dat grousst Zil ass nach ëmmer Tokio dat nächste Joer.