TriathlonBob Haller gëtt den 38.

RTL Lëtzebuerg
Zu Quarteira a Portugal stoung eng Course vum European Cup um Programm. Et war dem Bob Haller säin éischten Asaz iwwert déi olympesch Distanz.

Am éischten Asaz iwwert déi olympesch Distanz an dëser Saison gëtt de Bob Haller den 38. an enger Zäit vun 1 Stonn 57 Minutten a 56 Sekonnen. Domadder hat hien e Retard vu 7 Minutten a 26 Sekonnen op de Gewënner Alberto Gonzalez Garcia aus Spuenien. Zweeten gouf de Brit Ben Dijkstra virum Vetle Bergsvik Thorn aus Norwegen. Déi éischt 3 koumen innerhalb vun 3 Sekonnen op d'Arrivée.

Back to Top
CIM LOGO