
Et wier een immens enttäuscht, sou den Turnéier-Direkter Tommy Haas, ma d'Gesondheet a Sécherheet hätten héchste Prioritéit. Et géif een elo dru schaffen, en aneren Datum fir den Tournoi ze fannen.
De Gesondheetsministère vum Riverside County hat de gesondheetlechen Noutstand fir d'Coachella Valley ausgeruff, nodeems e Fall vun enger Infektioun vum Coronavirus an där Regioun bestätegt gouf.
