
Leschte Freideg hat den méifache Paralympics-Champion Alessandro Zanardi e schwéieren Accident. En Dënschdeg huet d'Spidol zu Siena, wou hie behandelt gëtt, en éischte Bulletin publizéiert. Doranner ass ze liesen, datt de Risiko besteet, datt den Zanardi wäert blann ginn. Seng Häerz- a Kreeslafwäerter wieren awer gutt.
Well d'Blessuren am Gesiicht an um Kapp esou uerg waren, kann een nees déi nächst Woch d'Medikamenter erofsetzen, déi de 53 Joer alen Italiener am kënschtleche Koma halen.
D'Ermëttlunge vun der Police lafe wärenddeem weider. De Chauffer vum Camion, mat deem den Zanardi kollidéiert war, huet ausgesot, datt den Handbiker d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer hat, sech zweemol iwwerschloen huet an dono an de Camion gerannt wier.