WimbledonAgut géint Djokovic a Federer géint Nadal an Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch goufen all d'Véierelsfinallen zu London gespillt.
De Roger Federer ass den éischte männlechen Tennisspiller, deen 100 Matcher beim selwechte Grand-Slam gewanne konnt. Dëst Konschtstéck ass him dëse Mëttwoch zu Wimbledon gelongen.
De Roger Federer ass den éischte männlechen Tennisspiller, deen 100 Matcher beim selwechte Grand-Slam gewanne konnt. Dëst Konschtstéck ass him dëse Mëttwoch zu Wimbledon gelongen.
© AFP

An der éischter Véierelsfinall konnt sech de Roberto Bautista Agut a véier Sätz (7:5, 6:4 3:6 a 6:3) géint de Guido Pello duerchsetzen. Hien trëfft hien op den Novak Djokovic, deen den David Goffin kloer an 3 Sätz (6:4, 6:0, 6:2) konnt eliminéieren.

Fir de Roger Federer ass et déi 13. Halleffinall zu London, dat no der Victoire (4:6, 6:1, 6:4, 6:4) géint den Kei Nishikori. Hei trëfft déi aktuell 2 op der Welt op déi aktuell Nummer 3, nodeem sech de Rafael Nadal an 3 Sätz (7:5, 6:2, 6:2) géint de Sam Querry behaapt huet.

Back to Top
CIM LOGO