De Lion Cup war och dëst Joer erëm op engem héijen internationalem Niveau. Deemno konnt ee mat den 3 Gold-, 5 Sëlwer- an 6 Bronzemedaile vun de Roude Léiwe ganz zefridden sinn.
Virun allem déi 4 Membere vum COSL-Promotiounskader hunn iwwerzeegt - virop d'Kimberly Nelting. Déi 18 Joer jonk Karateka vu Nidderaanwen ass nom Junior-WM-Titel am Joer 2017 viru knapp engem Joer scho bei d'Senioren an d'Kategorie ënnert 61 Kilo gewiesselt an huet mat Hëllef vun hirem Club a Sponsoren um allerhéchsten Niveau, der K1 Serie, Experienz gesammelt. Zweemol ass eng 7. Plaz erausgesprongen. E Schratt deemno, deen d'Kimberly Nelting net bereit huet.
Déi eenzeg Goldmedail bei de Seniore gouf et fir d'Allison Berna. Déi 20 Joer jonk Karateka krut moies bei den U21 Bronzen an huet sech mëttes dann nach eng Kéier gesteigert. Dës Medailen hunn der U21-Vize-Europameeschterin virun allem Moralesch guttgedoen. D'Allison Berna huet an hirer eigentlecher Gewiichtsklass dem Kimberly Nelting misse Plaz maachen an an der -68 Kilo Kategorie missen bei 0 ufänken. An dat alles nieft engem Droitstudium op der Uni
Lëtzebuerg.
D'Laura Hoffmann huet an der Kategorie ënnert 55 Kilo mat enger Victoire bei den U21 an enger Bronzemedail bei de Seniorinne weider Selbstvertraue gesammelt. Fir de Jordan Neves gëllt et am Moment, erëm richteg a Form ze kommen. Den Déifferdenger ass virun e puer Méint um Knéi operéiert ginn an huet sech awer mat enger Sëlwermedail bei den U21 an der Kategorie ënnert 67 Kilo zeréck gemellt.
Eng Medail beim Lion Cup gouf et och nach fir d'Pola Giorgetti an der Kategorie iwwer 78 Kilo. Am Kata sinn d'Céline Henri bei den U21 mat Sëlwer an den Patrick Marques bei de Seniore mat Bronzen heemgaangen.
Beim Nowuess kruten d’Clarisse Moens (U16) an d’Kenza Belebass (U18) Bronzen an de Clément Moens (U14) an de Victor Coutourier (U16) Sëlwer.
De Bilan ass deemno gutt.