
Fir déi wuel gréissten Iwwerraschung huet awer wuel d‘Cori Gauff gesuergt. D‘Amerikanerin ass am Joer 2004 gebuer, hir Géignerin e Méindeg ass eng vun de bekannteste Spillerinnen um Circuit, d‘Venus Williams. Déi eeler Schwëster vum Serena Williams ass 1980 gebuer an huet sech e Méindeg am 1. Tour vu Wimbledon mat 4:6 a 4:6 misse geschloe gi géint hir 24 Joer méi jonk Landsfra.
Weider war et och d‘iwwerraschend Aus fir d‘Naomi Osaka. D‘Japanerin, déi déi leschte Editioun vun de US Open an och vun den Australian Open gewanne konnt an aktuell op Plaz 2 an der Weltranglëscht steet, huet e Méindeg am 1. Tour mat 6:7 an 2:6 géint d‘Yulia Putintseva aus dem Kasachstan verluer.
Och bei den Häre sinn um éischten Dag Iwwerraschungen net ausbliwwen. Ënnert anerem huet sech ganz iwwerraschend den Alexander Zverev aus Däitschland dem Jiri Vesely mat 6:4, 3:6, 2:6 a 5:7 misse geschloe ginn.
Mam Stefanos Tsitsipas gouf dann nach ee weidere Spiller aus den Top 10 vun der Weltranglëscht eliminéiert. De jonke Griich war e Méindeg dem Thomas Fabbiano mat 4:6, 6:3, 4:6, 7:6 an 3:6 ënnerleeën. Domat ënnersträicht den Italiener seng staark Form.
En Dënschdeg ass dann d‘Suite vum 1. Tour, wou ënnert anerem och d‘Mandy Minella hiren éischte Match spille wäert. D‘Lëtzebuerger Nummer 1 huet do mam Kiki Bertens eng ganz haart Noss erwëscht, well d‘Hollännerin steet aktuell op Plaz 4 an der Weltranglëscht.
En Dënschdeg spillt och Titelverdeedegerin Angelique Kerber. D'Weltranglëschte-Fënneft spillt géint déi däitsch Tatjana Maria, d'Nummer 65 op der Welt.