Viru kuerzem huet d'Handballfederatioun zu Déifferdeng en "Talk" organiséiert, fir allgemeng iwwer d'Situatioun am Lëtzebuerger Handball ze diskutéieren. Invitéiert war den neien Nationaltrainer Didier Dinart, deen nodeem hien op internationalem Plang alles gewonnen huet, mat Lëtzebuerg e Qualitéitssprong wëll fäerdeg bréngen.
Den Didier Dinart gouf mat an den Talk vun der Handballfederatioun agebonnen. Den Haaptsujet war mat him natierlech d'Nationalekipp. Offiziell ass den Dinart zanter dem 1. September am Asaz. Hien hat scho munch Presenzen an de Büroe vun der Federatioun. Enn August war hien um ausseruerdentleche Kongress, wou hien ënner anerem matgedeelt huet, datt hien all d'Veräiner op den Training géif besiche goen, hien huet de Supercup suivéiert, dee wéi de Kongress och zu Käerjeng war. Hie wëll dacks fir d'Championnatsmatcher an den Hale sinn. Op d'Fro, wéi séier hie wëll Progrèse gesinn, setzt den 49 Joer ale Coach op déi wichteg Bestandsopnam.
"Là, nous sommes en train de nous positionner pour essayer de faire un tournoi. Donc déjà, on peut se jauger, savoir à quel niveau on se situe par rapport aux autres nations, ou certaines nations. Peut-être qu'il y aura des nations qui vont au Championnat du monde."
Den Didier Dinart war mat Frankräich 2 Mol Olympiagewënner an 3 Mol Weltmeeschter an donieft och 2 Mol Europameeschter. Hien huet ënner anerem och 4 Mol d'Champions League a sengem Palmarès stoen. Als Trainer huet hie mat Frankräich d'WM 2017 gewonnen. De fréiere beschten defensive Spiller vun der Welt wëll seng nei Roll offensiv ugoen, wat bis elo gutt unzekomme schéngt.
"Moi, je ne m'interdis rien, donc je suis à disposition pour pouvoir essayer de structurer. Je sais que le préparateur physique a été aussi mis à disposition par la fédération si, le cas échéant, il y a des clubs qui en éprouvaient le besoin. Et moi, je suis également à disposition des clubs, surtout pour des échanges, pour des sujets d'amélioration."
No senger laanger erfollegräicher Karriär um Terrain mat 379 Selektioune fir Frankräich huet hien och zanter 2013 verschidde Clibb a Selektiounen trainéiert. Déi lescht Statioune vum neie Lëtzebuerger Nationaltrainer ware quasi parallel d'US Ivry a Frankräich an d'Nationalekipp vum Montenegro. Zu Ivry war et net gutt gelaf, wat an den Handballkreeser nawell vill diskutéiert gouf. De Coach schwätzt an dem Kontext vun enger "Virgule" a senger Karriär a wëll no vir kucken.
Ufank November fänkt fir déi Lëtzebuerger Handballnationalekipp d'EM-Qualifikatioun an engem komplizéierte Grupp mat Schweden, Nordmazedonien a Griicheland un. Dat ass déi sportlech Aktualitéit.
Dee Match, deen am Lëtzebuerger Handball den absolutte Highlight war, war och en EM-Qualifikatiounsmatch. Et war dat den 30. Oktober 2008 viru ronn 5.000 Spectateuren an der Coque. Den deemolegen Olympiagewënner Frankräich hat mam Didider Dinart mat 9 Goler Ecart géint eng gutt Lëtzebuerger Ekipp gewonnen.